D’BiFa produzéiert an enger éischter
Phas 4 Televisiouns-Emissiounen, déi alleguer op .dok - den
oppene Kanal ze gesi sinn:
.dok show, déi aner Talkshow – ëmmer
méindes um 22:05 Auer
(Rediffusioun sonndes um 10:50 Auer)
eng Mëschung aus Informatioun an Ennerhalung. D’.dok show
gëtt méi a manner prominente Perséinlechkeeten aus
de verschiddenste Beräicher d’Wuert … ënnert der
Viraussetzung, datt si och eppes ze soen an ze verzielen hunn - dat
ganzt an enger entspaanter Ambiance. »
Shop: .dok show
.dok show gėtt gesponsert
vun:
Robert Goebbels, den Europa-Talk – all 2. Méindeg
um 21:45 Auer
(Rediffusioun: dee Sonndeg no der 1. Diffusioun um 10:30 Auer)
De fréiere Wirtschaftsminister an heitegen EU-Deputéierten
ënnerhält sech all 14 Deeg zu Bréissel mat engem europapoliteschen
Acteur iwwert en Thema aus der europäescher Aktualitéit.
Kaleidoscope, all 2. Méindeg um 21:45 Auer (Rediffusioun dee Sonndeg drop um 10:30)
Eng Mëschung aus
Reportage an Interview iwwert déi vill Facette vum Liewen. Mam Yolande
Roller-Lang.
Fir Publicitéit an dësen resp. ronderëm
dës Emissiounen ze maachen, klickt hei.