Shop: .dok-show
image
dok show no. 88
Zwou CDën, ee Lieserbréif an eng nei Béier-Zort - dat sinn d'Sujetën an där neier Editioun vun der .dok show. De Marc Reichling vu Funky P présentéiert d'Maxi CD "Smile Baby" - deen éischten Disc iwwregens - vu senger Formatioun. Op de Claude Grégoire ass d'.dok show opmierksam ginn wéinst engem engagéierte Lieserbréif an der Press zum Thema "Fridden am Noen Osten". Dem Gollo Steffen seng nei CD "Vum Lämmes gebass" ass endlech fäerdeg ... an um Enn gëtt ët nach e Patt "Prestige", eng nei Zort Béier aus der Simons-Brauerei (Invitée: Betty Fontaine).
1. Emissioun : 15.05.2006
Präis : 12,00 €
image
dok show no. 87
mat de Gebridder François (Minister) a Raoul (Acteur an Auteur) Biltgen an de Gebridder Claude (Komponist) an Al (Batteur) Lenners.
1. Emissioun : 08.05.2006
Präis : 12,00 €
image
dok show no 86
aus dem Café Ubu am Escher Theater. Op Besuch sinn déi Kéier de pensionnéierten Top-Kach Tony Tintinger, den ADR-Fraktiouns-President Gast Gibéryen, de Véidokter Roland Kohn an den Auteur Emil Angel.
1. Emissioun : 01.05.2006
Präis : 12,00 €
image
dok show no. 85
mam neien Direkter vum MNHA Michel Polfer, der Krimi-Auteuse Monique Feltgen, dem Yves Elsen vun der a.s b.l. "jonk Entrepreneuren" an dem Gérard Johanns vun der Formatioun "Chief Mart's".
1. Emissioun : 24.04.2006
Präis : 12,00 €
image
dok show no. 84
De Maurice Molitor an den Jim begréissen dës Kéier d'Mireille an de Marco Weiten-de Waha (mat hierem Kannerbuch "De klenge roude Léiw"), de Guy Wagner (mat senger Lëtzebuerger Iwwersetzung vum Beckett-Klassiker "Fin de partie") an de Gaston Zangerlé (mat senger "Saga Charly Gaul", engem Hommage un eise verstuerwene Velos-Crack).
1. Emissioun : 10.04.2006
Präis : 12,00 €
 
1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 Next
 
 
 
Home Actualiteit Mir iwert eis Kontakt Eis Emissiounen Eis Referenzen
Är Produktiounen Spot Publi-Reportage PR-Video Media Training Shop
 
© 2005 BiFa- Billerfabrik S.àr.l.
Webdesign & Hosting réalisés par E-connect.luRéférencement réalisé par PlaZa.lu.