News
image
dok.Show op Internet

Dir hutt d'Emissioun verpasst oder wëllt ee Passage nach eemol gesinn a lauschteren? Op rtl.lu fannt Der se liicht erëm:

dok.Show 126 - mam Affekot Jim Penning, deen och Honorakonsul vun Indien zu Lëtzebuerg ass, dem Vibraphonist Pascal Schumacher iwwer säin neien Album "Here We Gong", der Judith Schweitzer iwwert hiere philosophesche Roman "Amour et Socraties" an dem Georges Fautsch, dee "Magno Tripudio", en Documentaire iwwer d'iechternacher Sprangprëcessioun.

dok.Show 125 - mat de Geschwëster Raymonde (Artistin) an André (Patissier) Philipps, dem jonke Lëtzebuerger Sascha Wagener, dee fir DIE LINKE an Däitschland mat an d'Europawale geet, an mam Natascha Ehrmann an dem Jeff Lens, déi grad vun enger Weltrees zrécksinn.

dok.Show 124 - mam Ex-Deputéierte Patrick Santer, dee sech aus der Politik zréckzitt, dem Jazz-Pianist Michel Reis, deen eng nei CD erausbruecht huet, an den däitschen Acteuren Hans Diehl, August Diehl a Julia Malik.

dok.Show no 123 - mam President vun der asbl Famill 2000 Steff Schaeler, der Famillje-Ministesch Marie-Josée Jacobs, dem Jurist Thierry Reisch (iwwer d'Entwecklung vum Droit am Beräich Internet) an dem Polizei-Spriecher Vic Reuter (deen e Joer laang am Kosovo fir déi sougenannt EULEX-Missioun geschafft huet).

dok.Show no 122 - mam onofhängegen Deputéierten Aly Jaerling, dem Lëtzebuerger Top-Model Mandy Graff, dem Cyclist Laurent Didier an dem Kierchenhistoriker Georges Hellinghausen.

dok.Show no 121 - mat Pierre Cao (Dirigent), Raymond Massard (Patron vum neie Ciné Belval), Sandra Schmit alias Cathar Maiden (iwwer "Prairieblummen" an "A Winter Tale") a Jean-Jacques Schonckert (Affekot vum Franck Ribéry an der Affär Heiderscheid).

dok.Show no 120 - mam Multiralent Remo Raffaelli (Photograph, Moler, Sculpteur an nach aneres), mat der Educatiouns-Ministesch Mady Delvaux-Stehres, dem Trio "Les Gavroches" an dem Hobby-Eisebunner Camille Liesch.

dok.Show no 119 - mam Jay Schiltz (iwwer säi Buch "No Comment" a säin neie Cabarets-Programm "Béierdeckelsgespréicher 2"), dem Daniel Balthasar (iwwer seng nei CD "Palpitations"), dem Romain Halsdorf (iwwer säi Roman "Die letzte Wahrheit") an dem Marie Müller, der Sportlerin vum Joer 2008.

dok.Show no 118 - mam Jérôme Beck iwwer säi Buch "De quoi tu te plains?", Romain Thill iwwer 55 Joer Engagement am Fussball, Marco Schank iwwer säin neie Krimi "Todeswasser" a Claire Steffen iwwer Ayubowan, eng a.s.b.l. déi gegrënnt gouf, fir den Affer vum Tsunami op Sri Lanka ze hëllefen. 

dok.Show no. 117 - mam Stater Buergermeeschter Paul Helminger iwwer seng laang politesch Carrière, mam désignéierte MUDAM-Direkter Enrico Lunghi iwwer säin neien Job a säi Krimi "Morts au musée" a mam Carlo Thill, dem President vum Direktiouns-Comité vu Fortis Lëtzebuerg, iwwer déi turbulent Deeg, déi hien am Hierscht ze meeschteren hat.

dok.Show no. 116 - mam Kleeschen a senge Frënn, mat enger kritescher Stëmm am Kontext mat der Wirtschafts- a Finanzkris (dem President vun der Caritas Erny Gillen), mat engem neie Roman ("Nach dem Regen") vum Linda Graf a mat engem Hommage un de Claude François vum Alain Clair, engem bélsche Sänger, deen zu Lëtzebuerg liewt.

dok.Show no 115 - mam Buffalo C. Wayne (iwwer seng Autobiographie "Büffelherz" an den Editions Schortgen), dem Ali Ruckert, President vun der KPL a Chefredakter vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek (iwwer d'Finanz- a Wirtschaftskris), dem Philosoph Jacques Steiwer (iwwer säi Buch "De la démocratie en Europe") an dem Tennisspiller Gilles Müller (iwwer säin Exploit bei de US-Open zu Flushing Meadows).  

dok.Show no 114 - mam Christophe Petra, dem Chef vum gastronomesche Restaurant "Le Sud" op de Rives de Clausen, dem Minister Luc Frieden iwwert déi dramatesch Deeg an Nuechten, déi hien am Kader vun der Finanzkris ze géréieren hat, dem Jazz-Batteur Benoît Martiny virum Release vu senger neier CD, an dem (net onkriteschen) Amerika-Frënd Rosch Krieps.

dok.Show no 113 - mam Claude Meisch, dem désignéierte Spëtzekandidat vun der DP fir d'Walen 2009, der Wäikinnigin Carole Bastian an der Rieslingskinnigin Julie Godart, dem Historiker Gilbert Trausch (iwwer d'Buch CSV: Spiegelbild eines Landes und seiner Politik?) an dem Photograph Tom Hermes (iwwer säi Projet "Zäitzeien", Portraitë vu Resistenzler, Zwangsrekrutéierten, Déportéierten etc.)

dok.Show no 112 - mam Lucien Emringer, dem President vun M Immobilier (dat ass d'Gesellschaft, déi d'Rives de Clausen exploitéiert), dem Yasmina Schmit, där éischter Absolventin vum eBac (dem Premières-Examen iwwer Internet), dem Acteur Tom Leick (iwwer d'Steck "Die Probe" am Kapuziner-Theater) an dem Marcel Gilles, dee mat senger onverwiesselbarer Stëmm den Tour de France an aner Velo-Highlights iwwerdréit.

D'Emissiounen aus der Saison 2007/2008 fannt Der am Video-Archiv op rtl.lu.

image
D'dok.Show op de Rives de Clausen

Zënter der Rentrée 2008, gëtt d'dok.Show nët méi am Café UBU vum Escher Theater opgeholl (dee jo renovéiert gëtt), mä op de Rives de Clausen, um Site vun der fréierer Mousels Brauerei.

Wann Der Loscht hutt, eis bei engem Enregistrement iwwer d'Schëller ze kucken an engems dee formidabele Site z'entdecken ... Dir sitt wëllkomm ! Fir Umeldungen a weider Infoën gëllen den Telefon 691 / 30 54 09 oder den e-mail (dokshow@rtl.lu).

Déi nächst Enregistrementer sinn

  • dënschdes, den 31. Mäerz
  • méindes, den 20. Abrëll
  • méindes, de 4. Mee
  • méindes, den 18. Mee
  • dënschdes, den 9. Juni
  • dënschdes, de 16. Juni (?)

am Prinzip ëmmer um 19:00 Auer. Et wär flott wann Der eng Véirelstonn éischter kéinnt do sinn ...

image
Ween ass Mousels Fränk ?

Kee weess ët ... mä wat ee weess: Hie benotzt .dok esou wéi all Mënsch ët kéinnt maa'n, "fir einfach emol lass ze ginn wat ech mer dozou iwwerluecht huet ... "

Mousels Fränk 03: "Kal ginn ..." (Stiewbegleedung a Stierwhëllef)

Mousels Fränk 02: "Gëft an der Chamber" (Permethrin am Teppech)

Mousels Fränk 01: "Do wou d'Ossiën déi Räich sinn" (en Auswee aus der Kris an der Bälsch)

 

image
D'dok.Show 91 an der Kritik

Den Dag no der éischter .dok show-Diffusioun op RTL huet de Fernand Morbach op wort.lu gemengt:

"Zum ersten Mal strahlte  RTL die von Molitor moderierte Show in seinem Haupt-programm aus. Ohne die Parlaments-Gedankenspiele der AHL wäre die Ausgabe vom Sonntag eine Talkshow geblieben, wie es mittlerweile wohl Hunderte, wenn nicht Tausende auf allen in Luxemburg zu empfangenden Kanälen gibt. Unter dem Strich war das Ganze ein einigermaßen bunter Mix mit einem einigermaßen ordentlichem Unterhaltungs- und einem eher beschaulichen Informationswert. Die Luxemburger Politik, der Luxemburger Boulevard und die Luxemburger Kultur-szene sind und bleiben nun mal klein und überschaubar. Gerade deshalb lassen sich auch 60 Minuten dok.Show nur schwer füllen!"

An am Télécran huet de Roland Arens geschriwwen:

"Wer am Sonntagabend pünktlich um halb sieben RTL Télé Lëtzebuerg einschaltete, der kam schon mal zu spät. Maurice Molitor war mit seiner ersten „dok.show“ unter dem Dach von RTL bereits auf Sendung. Da fiel der Einstieg natürlich schwer. Und wer nicht Kenner des Formats ist, der konnte durch die Anwesenheit eines zweiten Fragestellers zusätzlich verwirrt sein. Im Nachhineien erwiesen sich die Zwischenrufe von Jim als nützlich, etwa als er nachfragte, was die Inhalte des Buches von Cathy Clement sind. Molitors Fragen könnten noch pointierter ausfallen. Immerhin hatte er sogar noch einen politischen Scoop bereit zur Wahlteilnahme der Männer-Vereinigung AHL von Fernand Kartheiser. Diese dok.Show zeigte aber auch: Eine Stunde Talk zur „Primetime“ am Sonntagabend sind eine Menge Holz. Vielleicht wäre weniger hier sogar mehr."

  
 
 
Home Actualiteit Mir iwert eis Kontakt Eis Emissiounen Eis Referenzen
Är Produktiounen Spot Publi-Reportage PR-Video Media Training Shop
 
© 2005 BiFa- Billerfabrik S.àr.l.
Webdesign & Hosting réalisés par E-connect.luRéférencement réalisé par PlaZa.lu.